Start
08/06/2025 09:00
End
09/06/2025 18:00
Address
Stade Kuerzwénkel - 19 Rue de Berdorf, 6213 Consdorf, Luxembourg
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Dokumenter
Informatiounen
Am Kader vun onsen HUSStec CUP 2025 w¨lle mir méi nohalteg sin. Fir eisen ekologeschen Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen, versiche mir de Verbrauch vu Ressourcen ze reduzéieren an op regional, bio an fair gehandelt Produit’en zréck ze gräifen.
Speziell fir onsen HUSStec CUP 2025 huelen mir follgend Mesuren:
E groussen Deel vun eisem Iessen a Gedrénks ass regional, bio oder fair gehandelt
Fir eis Gedréenks benotze mir Mehrweg-Glieser
Mir verzichten op Eewee-Artikelen an op Plastik, iwwerall wou et méiglech ass;
Mir reduzéieren eise Reschtoffall andeems mir den Offall richteg trennen a recycléieren
Mobilitéit:
Mir encoureagéieren Ierch nohalteg ze beweegen:
Auto: Et ass een Parking zu Verfügung, allerdéngs sin d’Plaatzen limitéiert an mir recommandéieren de Covoiturage.
Bus: de nooste Busarrêt “Consdorf, Melicksheck” ass 350m ewech vum Stade Kuerzwénkel. D’Buslinnen 211, B26, E02 an D40 bleiwen hei stoen. Info’en iwwer Bustrajet’en fannt dir op www.mobiliteit.lu
Velo: et gëtt e Velostänner um site.